Global divestment Day - une action le 11 février 2015

, par Ekkehart Schmidt

Votum Klima* invitéiert op den Global Divestment Day ze Letzebuerg

Divest : Keng Suen fir Kuel, Petrol, Gas an Atomenergie, Här Staatsminister Bettel !

Fir déi global Ärderwiermung op 2 Grad ze begrenzen, mussen 80% vun den fossilen Energien am Buedem bleiwen ! Trotzdem investéieren ganz vill Institutiounen Suen direkt oder iwwer Banken an Pëtrolsfirmaen, Kuel- oder Gasentreprisen, an en plus an d’Atomindustrie.

Och de lëtzebuerger Pensiounsfong investéiert eis Suen an knaschteg Energien !

Mir verlaangen, dass massiv Suen aus den Investissementer an d’fossil Energien ofgezunn oder desinvestéiert ginn. Domat dréiht een dozou bei, ëmweltschiedlech a knaschteg Energiequellen manner attraktiv ze maachen. Am Géigenzuch mussen propper Energien méi staark gefördert ginn.

Mir treffen eis duerfir den Mëttwoch 11. Februar virum Staatsministère an hunn Rendez-Vous mam Premier. Kommt matt an hëlleft eis, de Premierminister ze iwwerzeegen !

Dëst Aktioun fënnt am Kader vum weltwäiten Global Divestment Day statt. Matt honnerten Events an der ganzer Welt wäerten mir eis Fuerderungen energesch presentéieren an net ophalen, bis et kee Geld méi fir Kuel, Petrol, Ueleg an aner knaschtesch Energien gëtt.

#Divest #FossilFree
Link : gofossilfree.org/divestment-day

Rejoignez-nous mercredi prochain 11 février 2015 à 9h30 à la Place Clairefontaine pour lancer un appel au désinvestissement des énergies fossiles. Le mouvement de désinvestissement qui croît depuis plusieurs années a pour objectif le retrait des investissements et la cession des parts d’actions dans les industries contribuant au dérèglement climatique pour les réinvestir dans la transition énergétique, les énergies renouvelables et alternatives.

Rendez-vous :
Mettwoch, 11.2.2015, 9h30 - 10h30
Place Clairefontaine

*Votum Klima ass eng Plattform vun 26 lëtzebuerger Ëmwelt- an Entwécklungsorganisatiounen (u.a. etika).

Pour voir des photos de l’action regardez un album sur notre page facebook