20 Joer etika

, par Ekkehart Schmidt

etika huet Chance seng 20 Joer iwwert 2016 an 2017 ze feieren : 1996 ass etika vun sozialen, solidareschen an Emwelt-Organisatiounen aus der Zivilgesellschaft gegrënnt ginn an 1997 de Spuer- a Kreditmechanismus mat der Spuerkeess. Wéi mer gegrënnt gi si war et mat der Iddi déi 1. lëtzebuergesch ethesch Bank ze grënnen. Dat ass eis bis elo net gelongen… Dofir huet awer déi gréisste lëtzebuergesch Bank en ethesche Produit : eise Compte épargne alternative.

Dëse Compte ass op eise Valeuren opgebaut : Transparenz, Responsabilitéit a Solidaritéit. An 20 Joer hunn iwwer 1.100 Spuerer mat 52 Milliounen Euro iwwert 100 sozial, ekologesch, kulturell a solidaresch Projeten ënnerstëtzt. An deenen 20 Joer hunn mer och eng etlech Konferenzen a Velostouren organiséiert a Filmer gewise fir zu enger méi sozialer a solidaresch Finanz ze sensibiliséieren. Méi Detailer iwwert eis Evenementer an déi markant Zuele fannt der elo.

Eis Oppenheet zum Dialog hunn mer an 2 Debate bewisen : den 1. nom faméise „Rapport Falk“ am Oktober 2009 ënnert dem Titel „(Ne) Parlons (pas) d’argent qui fâche“ mam Lucien Thiel, Richard Graf, Jean-Jacques Rommes an Axel de Ville an den 2. am Abrëll 2015 mam Antoine Deltour a Michelle Sinner, dem Lanceur d’alerte vu Luxleaks seng 1. Prise de Parole zu Lëtzebuerg.

An denen 20 Joer si vill vunn eisen Iddien an Projeten vunn sozial Finanz iwwert Biolandwirtschaft „Mainstream“ ginn a fannen sech an Rieden vu Politiker, Banken an Economisten erem. Etika war ëmmer Virreider vun Tendenzen, innovativ… mam Wellen eppes z’änneren, ze weisen dass et anescht méiglech ass.

Haut no 20 Joer an enger Finanzkris sti mer virun 2 enormen Defi’en : de Klimawandel an den ëmmer méi groussen Ongläichheeten. Fir béides huet sozial, solidaresch an ethesch Finanz Leisungsusteiss, déi ginn awer eleng net duer fir eng radikal Ännerung vum System. Do muss jiddereen op sengem Niveau aktiv ginn…

Mir wäerten eis och an den nächsten 20 Joer mat Innovatioun a Kreativitéit, asetzen fir dass d‘Finanzplaz zu Lëtzebuerg méi sozial, transparent, responsabel a solidaresch gëtt an dass de „Marché“ am Service vun der Mënschheet gesat gëtt a net de Contraire wéi mer et momentan erliewen.

Magali Paulus, etika